CSV-STELLUNGNAHM ZUM PUNKT 20
Tarif chambre de vacances
Den Här Willet ass der Meenung dass de Präis vun engem Vakanzebett misst 15% méi héich leien wéi dee vun engem Studio vun deenen anere Pensionäre.
Wéi kënnt heen op déi 15%?
Hee misst eis déi dach kënne mat geneeëm Zuelematerial argumentéieren.
Hee seet eis just, dass déi Kummeren ë. a. mat Miwwel a gratis Televisioun verlount ginn.
Esou eng pauschal Erklärung geet eis awer net duer!
Mär sinn als CSV och net domatt averstan, wann als Argument de Méiopwand vum Botzen an Entretien ugefouert gëtt.
Dat kléngt jo awer wierklech esou wéi wann déi aner Zëmmeren normalerweis net esou propper, net esou am Fong géife gebotzt ginn.
Den ugebuedenen Zerwiss am CIPA misst fir all Mënsch dëselwechte sinn, ob et sech elo ëm e Vakanzenopenthalt handelt oder e stationären.
Sou gëtt och gesot, dass de Präis aktuell bei 67,15 € géif leien, dobäi steet am Kapitel uewendriwwer de Präis wär ab dem 1. September 2009 schon 72,10 €.
Aus all deene Grënn kënne mär dëse Punkt op kee Fall matstëmmen.
Proposition de décision pour le 18 décembre 2009
Den Här Willet huet ausgerechent, dass e Vakanzebett mat engem Surplus vu 15% ab dem 1. Mäerz 2009 géif 81,4 € kaschten.
An dësem Kapitel schreift heen awer elo, et géif vum 1. Mäerz 2010 un 79,15 € kaschten an dat, obwuel de Schäfferot eng Präiserhéijung wëllt maachen, fir d’Negativresultat vum CIPA ze drécken.
A schon erëm eng Inkohärenz tëschent den Zuelen, déi mär presentéiert kréien!
All déi Upassungen an dësem Kapitel sinn d’Folleg vun enger Adaptatioun un den Index, deen am Mäerz 2009 erfall ass.
Well mär awer schon déi Erhéijungen, déi an der Sëtzung vum 29. November 2006 gestëmmt gi waren, net matgedroen haten, si mär natierlech och haut dergéint, fir d’Adaptatioune par rapport zu deene Präiser ze stëmmen.
CSV-STELLUNGNAHM ZUM PUNKT 21 :
Supplément pour service studio
Den Här Willet proposéiert hei alt erëm eng Präiserhéijung, mä leider ouni Erklärung.
Hei sollen nei a méi héich Tariffer agefouert ginn.
Mä wou bleift d’Rechnung hanner deem Raisonnement?
Firwat kascht net all Zerwiss op d’Zëmmer d’selwech?
Mär verstinn net, firwat fir 1,2 oder 3 Zerwisser 3 verschidden Tariffer gefrot ginn.
Ass dat éieren net ëmmer dëselwechten Uarbechtsopwand?
Well mär déi Staffelung net novollzéie kënnen a mär virun allem de Mangel un Erklärungen an eisem Dossier bemängelen, kënne mär dëse Punkt och net matstëmmen.
Remboursement des temps d’absence
Hei gëtt erëm d‘Argument vum Méiopwand benotzt, wat eis net gefält!
Wat heescht dat, dass den „nettoyage à fond, entretien, soins des plantes etc…“ méi Uarbecht bedeit, wann de Pensionär fort ass, wéi wann en op der Plaz ass?
Ginn déi Zerwisser dann net geleescht, wann de Pensionär am Haus ass?
Déi Logik kënne mär wierklech net novollzéien!
Dann hu mär och en anert Raisonnement wéi d’Ofwiesenheete sollen ërembezuelt ginn: Wann een en Appartement lount, kritt ee seng Sue jo och net erëm, wann een an d’Ausland geet resp. an d’Spidol.
Sou wéi bei engem Appartement d’Chargen och fix sinn, sou bleiwen d’Personalkäschten och déi selwecht am CIPA, ob eng Persoun elo méi oder manner am Haus ass.
Mär fannen, dass et méi sënnvoll wär, dass e Pensionär ab dem 1. Dag Ofwiesenheet e Betrag misst erëmkréien, deen de Käschte Rechnung dréit, déi reell an engem Dag ufalen.
Dorënner fale fir eis net nëmmen d’Iessen, mä och eng Moyenne vum Verbrauch vu Stroum, Waasser asw.
Mär géifen duefir virschloen, dass den Här Willet sollt eng Opstellung maachen, wat alles als Dagesverbrauch ufällt an dass d‘Leit de Betrag fir all Dag, dee se net am Haus sinn, erëmkréien.
0 Äntwert op “Gemengerot vum 18. Dezember 2009”