CSV-STELLUNGNAHM ZUM BUDGET 2010

Wéi all Joer fanne mär et bedauerlech, dass mär just e puer Deeg hunn tëschent der Präsentatioun vum „wichtegsten Dokument vum Joer“ an dem Vote vun dësem Dokument.

Mär géifen der Majoritéit un d’Häerz leeën, an Zukunft de ganze Gemengerot an d’Finanzkommissioun ze ruffen, wann de Budget prësentéiert gëtt, sou wéi dat jo well de Fall bei gréissere Bauprojeten an der Bautekommissioun ass.

D’Tatsaach, dass Kommissiounsmembere viru Gemengerotsmemberen iwwer de Budget informéiert ginn an d’Dokument schon am Grapp hunn, ass net glécklech.

Mär sinn eis natierlech bewosst, dass d’finanziell Lag vum Staat, an domat och vun de Gemengen, net ganz roseg ass.

Mär verstinn dann och, dass ee muss op verschidde Plaze spueren, kënnen awer net novollzéien, wann de Buergermeeschter sengen Zerwisser den pauschalen Optrag gëtt, 5% an hire Funktionementskäschten ze spueren.

Mär sinn der Meenung, dass e „bon père de famille“ do scho méi selektiv muss virgoen!

Vläicht kann ee bei verschiddenen Zerwisser méi aspueren wéi déi 5%, sécherlech ginn et anerer, wou et iwwerhaapt net méiglech ass.

Mär wonneren eis allerdings, wann am Schoulbudget ë. a. bei der „gymnastique corrective“ a bei der „bibliothèque scolaire“ keen Euro méi virgesinn ass, wou dat dach fir eis zwéi wichteg Artikele sinn.

Mär géifen de Schäfferot dofir opfuederen, eng genee Analys vun all sengen Zerwisser ze maachen, fir méi punktuell a selektiv kënnen ze reagéieren.

An deem Kontext muss natierlech grad de Schäfferot mam gudde Beispill virgoen a ka selbstverständlech net seng eeje Jetonen héijen!

Et ass scho schlëmm genuch, dass de Buergermeeschter dat extra muss präziséieren.

 

De Buergermeeschter ass sou houfreg, dass zënter 2005 vill investéiert ginn ass a vergläicht dat mat der Legislaturperiod vu virdrun.

Dobäi vergësst en awer ze präziséieren, dass vill Projetë scho viru senger Zäit ugeduet wuaren an an d’Weeër geleet gi sinn.

Fir just déi 6 Projeten opzegräifen, déi d’Majoritéit onbedingt wëll realiséieren (CIPA Belval, Schoul Belval, Scheierhaff, Pompjeesbau, Boulodrome & Schoul Roude Wee), ënner dëse 6 Projete sinn der konkret scho 5 Stéck virun 2005 an Ugrëff geholl ginn.

Dobäi huet de fréiere Buergermeeschter Fred Sunnen och de grousse Verdingscht, dass hee bei d’Ministären huart verhandele wuar, fir méi héich Subsidien zougesprach ze kréien, wéi dat normalerweis de Fäll ass. Nëmmen duerch déi wäitsiichteg Viruarbescht vun der Majoritéit virdru kënnen haut Projeten um Belval realiséiert ginn, déi d’Gemeng soss méi kascht hätten.

Et kann een sech elo net dermat bretzen, méi z’investéieren a gläichzäiteg Projeten opzielen, déi vun der virrechter Majoritéit an d’Wee geleet gi wuaren a souwisou ëmgesat gi wären soubal et um Belval esouwäit gewiescht wär.

Schoulkomplexer a CIPA si sécherlech déi richteg finanziell Prioritéiten um Belval, mä déi hätt all Politiker esou gesat.

Da kann ee sech och brätze wann ee vill Boni mécht, mä deen ass jo just zustaane komm, well där bal d’Hallschent vun den extraordinären Ausgaben iwwerhaapt net ausginn hutt (2008 nëmmen 7,2 Millioune vun 15,5 déi virgesi wuaren an 2007 nëmmen 9,3 Millioune vu 17,2 Milliounen).

Well verschidde Projeten duerch de previsiblen Zouwuess vun eiser Gemeng onëmgänglech ginn, hu mär och kee Probleem mat engem ev. Emprunt, och wann domatt d’Prokapp-Verschëldung eropgeet.

Soulaang et Projetë sinn, déi der ganzer Populatioun zegutt kommen an déi der ablécklecher finanzieller Situation ugepasst sinn, mä virin allem awer absolut noutwendeg sinn, soulaang kënne mär déi och matdroen.

Mär hunn allerdings mat 2 Projetë e Probleem, d’Nathalie wäert deen herno erklären.

 

Hei e puer Punkten aus dem Budget, zu deene mär eng Bemierkung wéilte maachen resp. eis Froe stellen:

 

Beim Budgetsartikel iwwer de Verkaf vun de „repas sur roues“ steet nach ëmmer e Präis vu 7,5 € pro Iessen, mär hunn awer elo grad 8,5 € gestëmmt.

 

Bei der Partizipatioun vun der Reckener Gemeng steet am Budget just eng Unzuel vu 6 Better, déi a 4 Tranche bezuelt solle ginn. Dobäi hu mär haut eng Conventioun gestëmmt, wou Recken 8 Better kritt, déi an 3 Tranche bezuelt ginn.

 

Mär wonneren eis, dass bei de „relations publiques“ e Betrag vu 40 000 € derbäi komm ass. Hoffentlech ass deen dann net, fir e Blat ze drécken, dat un all Haushalt geet a wou op en Evenement invitéiert gëtt, dat schon 2 Wochen eriwwer ass. Sou wuar beim leschten Informatiounsblat eng Invitatioun op de Wanterfeeling de 14. November, mä dëst Blat wuar  eréischt am Dezember an de Bréifkëschten.

 

Da fannen mär verschidden Etüden, wou mär entweder kee Suivi dovu kréien resp.mär ni eppes dovu gewuer ginn (étude revalorisation/extension zones artisanales).

 

Sou wuar z.B. en Devis fir eng stolz Zomm vun 31 000 € fir e Workshop iwwer de Gaalgebierg virgesinn. Do ass eises Wëssens no ni eppes Konkretes drop erfollegt.

 

Eng luewenswäert Initiativ ass déi vum “Masterplan barrierefreies Bauen und Planen”. Mär hoffen, dass et net nëmmen bei dem Workshop bleift, mä mär fäerten awer schon, dass et esou ass, well dëst Joer guer keng Sue fir dee Beräich virgesi sinn.

 

Carine REUTER-BAULER

 

Zu de Stroossenuarbechte wéilte mär folgendes soen:

 

D’Cité Fénkelbierg ass net wierklech eppes, wat déi aktuell Majoritéit geplangt hat, vill méi wuar et eng Noutwendegkeet ginn duerch den ale Waasser- a Kanalréseau.

 

Sudgaz an d’Post wuaren och direkt interesséiert do mat eranzeklammen an esou ass de Fénkelbierg op der Stroosseprioritéitelëscht mol einfach e puer Plaze geklomm.

 

Bei der Rue des Alliés ass eiser Meenung no eng grouss Chance verpasst ginn, vill Suen ze spueren. Déi fréier Majoritéit hat nämlech schon europäesch Gelder duerch de Projet FEDER zougesprach kritt.

 

D’Iddi an d’Pläng wuaren déi, d’Rue des Alliés mat engem ganz neien  Duerfkär ze gestalten, mä doduerch, dass déi jëtzeg Majoritéit viru 4 Joer de Projet net ugaangen ass, sinn déi Suen duerch d’Päif a mär mussen erëm vu vir ufänken.

 

Lo fällt de Projet méi kleng aus, d’Strooss gëtt zwuar frëschgemat, mä Bieles kritt nach ëmmer keen neien Duerfkär. An dobäi ass an der Schäfferotserklärung d’Revitaliséierung vun eisen Duerfkären awer ugekënnegt ginn.

 

An elo zu eiser sozialer Oder:

 

De Buergermeeschter huet gesot, d’Majoritéit misst sech « virun allem och Gedanke maachen iwwer all déi Leit, déi keng Uarbechtsplaz hunn oder keng méi hunn » an zitéiert an deem Kontext, dass d’Gemeng am CIGL an an der RMG-Equipe 25,5 Leit beschäftegt.

 

Mär fannen awer, dass dës Gedanke bei wäitem nach net duerginn..

 

Och wann d’Gemeng verschidden Hëllefen ubidd, sou misst d‘sozial Roll vun der Gemeng nach méi wäitgräifend sinn.

 

Mär denken do z. B. u méi bëlleg Tariffer fir Chômeuren a Leit, déi sech net esou gutt stinn, fir u Kuren, déi vun der Gemeng ugebuede ginn, deelzehuelen.

 

Mär fuerderen do méi eng transparent Informatiounspolitik, wou de Bierger vun Ufank un de bëllegen Tariff kennt amplaz dass heen d‘éischt emol sech op den Uarmebüro ëmfroe goe muss.

 

Mär fäerten nämlech, dass vill Leit hir Méiglechkeeten, gehollef ze kréien,  guer net kennen an nom aktuelle System sech scheien, op den Uarmebüro froen ze goen an da vu ville Moossnahmen ausgeschloss bleiwen.

 

An dobäi hutt där an der Schäfferotserklärung virgesinn, ech zitéieren: „Anpassung der sozialen Dienstleistungen an gegenwärtige und künftige Bedürfnisse der Bevölkerung“.

 

Ausserdeem huet déi aktuell Majoritéit och nach ëmmer näischt an de soziale Wunnéngsbau investéiert. Et ass net fir d’éischt, dass mär heidrop hiweisen. Zënter ärem Amstuntrëtt ass nach guer näischt an deem Beräich geschitt! An dat wär awer och eng Moossnahm, mat där een engem finanziell méi schlecht Bemëttelte kéint hëllefen an entgéintkommen.

 

Déi Zomm, déi mär 2009 an 2010 vum Pacte logement kréien, gëtt integral an d’Sportshal Scheierhaff gestach.Mär hätten natierlech léiwer gesinn, wann een Deel vun de Suen och eng méi sozial Verwendung fonnt hätt.

 

Elo gi ronn 466 000 € grad an déi Hal gestach, hanner där mär net stinn.

 

Déi Suen hätten awer, grad an dëse schwieregen Zäiten, eiser Meenung no, net all an een eenzege Projet gestach solle ginn.

 

Mär fannen dass en Deel dozou benotzt hätt solle ginn, fir ville Leit, déi finanziell Schwieregkeeten hunn, op anere Plazen ze hëllefen. De Schäfferot schéngt léiwer méi visibel Resultater wëllen ze präsentéieren. D’Leit gesinn natierlech éischter eng Sportshal do stoen, ewéi dass se herno matkréien, dass e Chômeur eng Hëllef kritt huet. – Mä mär definéieren eng Solidargemeinschaft wuel ënnerschiddlech.

 

 

An elo zu eisen Dadaen:

 

Eisen Haaptprobleem, an dee kennt där schon, dat ass d’Sportshal Scheierhaff. Manner d’Sportshal selwer, mä d’Ausmoosse vun der Hal, déi soll dobäikommen.

 

Den aktuelle Projet ass fir eis net “indispensable” fir de Buergermeeschter (mam Inneminister senge Wierder) ze zitéieren.

 

Där wësst jo, dass mär selbstverständlech och fir den Ëmbau vun der Sportshal wuaren, mä de Plang vun der virechter Majoritéit hat sech éischter op dat Noutwendegt an dat Nëtzlecht konzentréiert.

 

Wär eise Projet deemools direkt realiséiert ginn, ampalz d’Pläng nei z’iwwerschaffen an d’Planung an d’Längt ze zéien, dann hätte mär vill Sue gespuert, déi eis haut zegutt kéimen an d’Hal kéint scho bal ageweit ginn amplaz dass mär elo eréischt um Punkt sinn, fir d’Ausschreiwungen ze maachen.

 

Wa mär scho vun „indispensable, nécessaire et utile“ schwätzen, da géife mär och gären erëm d’Maison relais an der Rue de France opgräifen.

„Indispensable“ ass eng Maison relais zu Bieles doudsécher, do si mär eis all eens, mä fir eis ass a bleift se ongléckech op dëser Plaz.

 

An elo ass dann och eng Passerelle iwwer d’Eisebunn geplangt, déi fir 2010 mol eréischt mat 400 000 € agesat ass an doudsécher herno nach méi deier ausfällt.

Ass d‘Passerell dann an der ablécklecher finanzieller Situatioun wierklech eng noutwendeg Ausgab? Oder gëtt se just esou séier realiséiert, well op déi aner Säit eng Maison relais hikënnt?

Momentan wär déi Passerelle an eisen Ae wënschenswäert, eleng scho wéinst dem Battingshaus, mä an dësen Zäite keng absolut Prioritéit. En plus soll déi aktuell Trass vun der Eisebunn fréier oder spéider dach souwisou suppriméiert ginn. Deen Ament géif déi Passerelle hifälleg, an där kéint no enger anerer, vläicht méi bëlleger Léisung sichen.

De Buergermeeschter erklärt eis dacks, dass heen net versteet, wéi mär als Oppositioun géint de Budget kënne stëmmen, obwuel mär d’Majoritéit vun de Projeten awer schlussendlech matdroen.

Ma ganz einfach, Här Buergermeeschter: Stellt Äch vir, Där stitt an engem Buttek an Där gesidd en Artikel, deen Äch ganz gutt gefält. Et ass op den 1. Bléck alles perfekt drunn, d’Form, d’Gréisst an d’Fuarf gefalen Äch. Mä dono kuckt Där op d’Präisschëld. A wann Där éierlech sidd, den Artikel kann nach esou perfekt sinn, wann de Präis net  Äre Virstellungen entsprécht, dann huelt Där deen Artikel net mat!

Nathalie MORGENTHALER

 

Fir eis ass de Präis am Budget 2010 gläichzesetze mat den eenzelne Projeten, mat deene mär net averstane sinn, an och mat verschiddene Prioritéiten, déi mär anescht gesat hätten.

An duefir, Här Buergermeeschter, kënne mär och de Gesamtpak net matstëmmen. 

0 Äntwert op “CSV-STELLUNGNAHM ZUM BUDGET 2010”


Kommentaren si gespaart.