Aenwert vum Fred SUNNEN op d’Uschellegungen am SAKNEWS 1/2009

En Aktiounskommitee kann a soll séng Argumenter soen wann en legitim Awenn huet. Ech muss awer elo feststellen, dass aus normale Bemiirkungen Beleidigungen a Frechheeten gin.

Et schéngt dem SAK net ze gefalen dass ech mech fir déi nächst Walen zréckgezunn hun. Dat huet awer guer näischt domat ze din, dat e Prisong an d’Gemeng Suessem komme soll. Wann de SAK sech abilt, ech géif wéint hinnen oder wéint dem Prisong mat der aktiver Politik ophalen, da si se leider um Holzwee.

  1. Ech si kengem, a scho guer net dem SAK, eng Erklärung schëlleg wann ech mech zréckzéien.
  2. Meng Décisioun fir mat 70 Joer opzehalen steet scho méi lang fest.
  3. Ech kucken no mir an no ménger Gesondheet!

Ech waer och op déi Erklärung gespaant, wéisou ech den Haptschellegen an der Affaire Prisong sin!

Wat d’Aprikosen uginn, déi ech vum Kuch geholl soll hun a batter Schléiwen hannerloos hätt, do si mer endgülteg bei der Calomnie a bei de Frechheeten ukomm! Wann de SAK iren domatter wëllt soen, ech hätt mech duerch d’Politik oder um Bockel vun de Leit beräichert, da sollen se mer dat beweisen! Wann de SAK an deem Stil weiderfiert, da riskéiert en, dass mer eis enges Dags op enger anerer Plaatz mussen eremgesinn.

Ech héieren dann och mat Erstaunen, dass ech irgendwou hiplënnere soll, wou et méi schéin ass, wéi an der Gemeng Suessem.

Dat ass eng interessant Ausso, well domat seet de SAK dat et net schéin ass an der Gemeng Suessem!

Mir gefällt et ganz gudd hei! Ech wunnen elo scho 45 Joer hei an ech denken net drun, fir fortzeplënneren. Iwwregens huet d’Gemeng sech an deene 45 Joer ganz positiv entwéckelt a steet besser do wéi je virdrun.

De SAK hätt besser sech aus deenen anere Leit hire Sachen eraus zehalen, soss geet en sech Problemer sichen.

Eng läscht Bemiirkung:

Wann ech déi Frechheeten an deem Text liesen, dann deet et mer Leed fir déi vill Zäit, déi ech investéiert hun an déi vill Problemer, déi ech mer siche gange sin, well ech mech vun Ufank un géint eng Emgehungsstrooss iwert den Terrain vun der Gemeng Suessem gewiirt hun.

Fred SUNNEN

0 Response to “Aenwert vum Fred SUNNEN op d’Uschellegungen am SAKNEWS 1/2009”


Comments are currently closed.