CSV-Stellungnahm zum CIPA (09.02.2009)
Am Dezember huet den neien Direkter vum CIPA eis eng ganz Rei Ännerungen déi hee wollt am Altersheem aféiere virgestallt.
Mär hunn als CSV-Fraktioun deemools begréisst dass de Schäfferot emol endlech eppes am Dossier CIPA ënnerholl huet.
Mär si schon zënter méi wéi 2 Joer amgaang op Mëssstänn am Altersheem opmierksam ze maachen a fuerderen zënterhier och ëmmer erëm d’Aféierung, oder besser gesot, d’Erëmaféierung vun enger « commission de surveillance » esou wéi se och schon an der CSV-Legislaturperiod bestaanen huet. Leider geet de Schäfferot net op eise Virschlag an…
Den Här Willet, als neien Direkter, huet eis seng Analys iwwert déi aktuell Situatioun am Altersheem presentéiert. Mär hunn dës Analys gedeelt a begréisst dass den Här Willet emol versicht verschidde Saachen a Fro ze stellen.
Eigentlech wollten mer dem neien Direkter e bëssen Zäit ginn fir sech anzeliewen an d’Geleeënheet ginn sech am deem Sënn ze beweisen.
Lo ass et awer esou, dass d’Situatioun sech awer net onbedingt verbessert huet, mä an eise Aën an och an den Aen vu ville Famillje vun de Pensionnären, leeft elo muënches an eng Richtung wou ee sech verschidde Froe stellt.
Et gëtt gespuert, datt kléngt jo gutt, et kann awer net sinn, dass dës Aspuerungen op d’Käschten vun de Pensionnären an dem Personal geet ! Mär halen drop fir herno an der “séance à huis clos” Äech e puer Beispiller ze nennen déi einfach net ze vertriede sinn!
A propos Personal, stellt de Schäfferot d’Politik am Altersheem da guer net a Fro ?
Fann Där dat dann normal dass esou vill Personal a kuerzer Zäit demissionéiert ??
Stell Där Äech dann d’Fro net firwat et esou vill Krankeschäiner ginn ??
Sinn d’Leit déi do schaffe vläicht net einfach iwwerfuedert well net genuch Personal do ass ?
Dat däerf net ze sinn dass mär elo schon esouwäit sinn, dass duerch Personalmangel d’Qualitéit vun den Servicer um Pensionnär leid !
Anscheinend si mer elo schon esouwäit dass Personal muss verschidde Pflege-Akten duerchféieren, déi eigentlech guer net an hiren Attributiounen stinn oder Medikamenter ausdeelen obwuel se dat net däerf.
Ass d’Ursaach net déi dass qualifizéiert oder medezinëscht Personal feelt ?
Musse mer dann op deen Dag wuarden wou ëppes geschitt éier de Schäfferot reagéiert ??
Maache mer den Deckel op de Pëtz wann d’Kand bis draläit ??
Dat loosse mär als CSV net zou !!!
Mär stëmme gären Punkte mat déi enger Féierungséquipe zoustinn, wann et am Kollektivvertrag esou steet. Mä wéi steet et dann mam Equiliber vum Budget, wuaren déi Erhéijungen da scho virgesinn?
Op wéi eng Käschten geet dat ? Et däerf v.a. net op d’Käschte vun de Pensionnäre an dem Rescht vum Personal goën !!
Mär hunn elo kierzlech dee Bréif kritt deen un de Schäfferot gaangen ass wou 4 Leit, déi am Altersheem schaffe, sech bekloën. Wat seet de Schäfferot dann zu deene Saachen déi do dra stinn ?
Mär als CSV bleiwen nach ëmmer der Meenung a ginn eis net mat eiser Fuerderung dass eng « commission de surveillance » déi beschte Manéier ass fir konstruktiv zesumme ze schaffen, am Intressi vum Personal wat do schafft a virun allem de Pensionnären !
A wann de Schäfferot dat net endlech och agesäit, da stelle mär eis seriö d’Fro ob de Schäfferot net gutt gesäit oder d’Aën absichtlech zoumëcht ?
0 Response to “cipa – Mir ginn net op”