CSV-Stellungnahm zum Budget 2009
Am Budget 2009 fanne mer vill gutt Virsäz erëm, mee si beschränke sech ganz dacks och just op een “devis en élaboration”. Mär hunn der am Ganzen net manner wéi 21 Stéck gezielt an dat fir ee Wäert vu wäit iwwer 2 Milliounen €! De Buergermeeschter huet gemengt de Budget wär ee Beweis fir eng raisonnabel Virsiichtegkeet. Bon, am extraordinaire Budget vermësst d’CSV also 21 Mol raisonnabel Virsiichtegkeet!
Z.B. steet d’Haus Nummer 12 an der Rue de France mat engem „devis en élaboration“ fir 200 000 € dran. Mär haten dem Kaf vun deem Haus zougestëmmt an der Hoffnung dass d’Gemengenarchiven do géifen ausgebaut ginn an elo gëtt esouvill Geld drugehaangen fir dass et sech als Maison Relais eegent. A wee wees wéivill do nach an Zukunft fir den Ëmbau dra muss investéiert ginn?
Mär hunn eis déi läscht Joeren jo zu Recht driwwer beklot dass a Punkto Stroossenerneierungen net vill, fir net ze soen, bal näischt geschitt ass. Zënter 3 Joer ass un enger Prioritéitelëscht gedoktert ginn an elo endlech tauchen déi 1. nei Stroossen am Budget op. An awer musse mer feststellen dass der nach mat „devis en élaboration“ do stinn. Mee op mannst ass et luewenswäert dass d’Stroossen tatsächlech an der Reihefolleg frëschgemat ginn esou wéi se an där Prioritéitelëscht drastinn.
Et sinn eis och e puer Feeler opgefall resp. et sinn eis e puer Saachen net kloër gewierscht. Dofier hu mer jo och e puer Froe schrëftlech eraginn.
Esou sinn am Budget schon d’Taxen all adaptéiert ginn esou wéi mär se hei gestëmmt hunn, mee de Präis vun de Bons de repas sur roues ass nach ëmmer deen alen.
Mat verschiddene Budgetsartikele kënne mer eis net ufrënnen. Esou hunn d’Ausgabe fir d’Gemengeblat sech bal verduebelt, obwuel et äech awer net ëmmer gelongen ass et mat Zäiten ënner d’Leit ze bréngen.
An deem selwechte Beräich vun de Relations publiques vermësse mer nach ëmmer een neien Internetsite dee jo anscheinend schon éiweg an der Maach ass.
Et bleift ze hoffen dass déi Suen déi an deen een oder anere Workshop gestach gi sinn och deen deementspriechende Rendement bréngen. Mär froen eis z.B. wat mat de Schlussfolgerunge vun deem Workshop iwwert d’Identitéit vun der Gemeng geschitt? Verleeft dat elo einfach am Sand? Huet déi Ausgab eppes bruet oder sinn déi Suen zur Fënster erausgehäit?
Et gëtt studéiert, gepléischtert, berechent, pardon, berechne gelooss! Kënns de net haut, da kënns de muar… Mär hu jiddenfalls nach keng Resultater dovu gesinn, ausser dass d’Leit méi déif an d’Täsch gegraff kréien!
Wéi ass et mat der Verschéinerung vun eisen Duerfkären? Wat gëtt ënnerholl fir dass d’Uertschaften lieweg an attraktiv bleiwen?
D’CSV-Fraktioun vermësst virun allem eng direkt Ubannung vun deene 4 Uertschaften un den ëffentlechen Transport deen direkt op de Site Belval fiert !!
Mär hunn eis och gefrot wou dem Stat seng Contributioun beim Pacte Logement ass vu dass mer d’Konditiounen a Punkto Zouwues vun der Awunnerzuel jo awer missten erfëllen.
Da wëll där jo am Wäert vun 1 650 000 € Gebaier kafen, anscheinend am Kader vun dësem Pacte. Mär erënneren d’Majoritéit drun, mee dat wees se jo, dass se soll drun denken och Sozialwunnéngen unzebidden. Bis elo ass neemlech an deem Beräich nach guer näischt geschitt, obwuel mär dat scho virun 2 Joër op der selwechter Plaz gesot hunn !
Et bleift jo gewosst dass d’CSV ee Problem mam multifunktionnelle Kultursall vun der Sportshal Scheierhaff huet. De Buergermeeschter huet jo bei der Presentatioun gesot: „So wenig wie möglich, soviel wie nötig“. Ma an dësem Fall gesäit d’CSV dat net esou! Fir eis ass dee Sall op där Plaz net néideg.
De Schäfferot huet der Oppositioun e Méinden den Optrag ginn selwer Propose fir dëse Budget ze maachen. E wollt dass mär Projeten géifen nennen déi mer op Käschte vun anere Projeten géife virzéien. Mär ginn als CSV net dorop an, well de Schäfferot sech an der Läscht ugewinnt huet Hëllef vu bausse sichen ze goën. Esou si schon e puer Mol Firmaen deier bezuelt ginn fir Analysen an Etuden ze maachen. Mär wëllen elo net dee wertvolle Plan quinquennal, deen d’Gemeng ee ganze Batz Geld kascht huet an vun deem d’Majoritéit esou ageholl ass, als Oppositioun elo esou einfach op d’Kopp geheien.
Där hudd eis Meenung zum Budget 2009 elo heimatt héieren a kënnt Äech jo sëcherlech denken wéi mär dono wärten ofstëmmen. A wann net, da géife mer wéi de Rudi Carrell soën: „Lass Dich überraschen!“
(Nathalie Morgenthaler)
0 Äntwert op “CSV-Stellungnahm zum Budget 2009”