Mat Zefriddenheet stellt d’CSV fest dass am Dossier CIPA sou munches ënnerholl ginn ass. Mär sinn natierlech iwwerzeegt dovun, dass dat och dohier kënnt well mär esou dacks no gehaakt hunn!
Ënnert der vierrëchter Koalitioun wuar ee Comité de surveillance mat politesche Kräften aus alle Parteien an d’Liewe geruff ginn fir ze kucken wéi ee kéint d’Altersheem méi effizient gestalten. Aus den Uarbechte vun dësem Comité si Schlussfolgerunge gezu ginn an et ass ë.a. décidéiert ginn eng Direktiounséquipe op d’Been ze setzen fir d’Leedung vun eisem Haus besser ze strukturéieren. Dëse Comité huet praktesch bis zu de leschte Gemengewalen dëse Prozess begleet.
No de Walen ass dëse Comité net méi zesumme komm, wat d’CSV immens bedauert huet an och hei zum Ausdrock bruet huet. D’Direktiounséquipe ass lues a lues ausernee gebrach, well 2 Leit d’Haus verlooss hunn an d’CSV huet ëmmer gefrot fir ee Suivi kënne ze maachen. D’Majoritéit huet eis awer erklärt dass d’Leedung vum CIPA eleng eng Verantwortung vum Schäfferot wär.
D’CSV huet sech awer net ginn an huet drop gehalen fir dem Schäfferot säin Uleies an deem Dossier weider duerzeleeën. A well dat dann eben net méi an engem Comité de surveillance konnt geschéien, hu mär dat nom Gemengerot an de Geheimsëtzunge misste maachen.
An elo ass zënter Mëtt dëses Jores ee neien Direkter agestallt ginn. Mär hunn dës Presentatioun vun haut jo schon an der Finanzkommissioun gemaach kritt a begréissen dass dat och elo hei geschitt. Allerdings bedauere mer dass dovu näischt an eisem Dossier lung !
Op den 1. Bléck schéngt déi Analys vum Haus esou wéi den Här Willet se gemaach huet onbedéngt noutwenneg ze sinn fir Verbesserunge kënne virzehuelen. Mär kënnen dohier nëmme begréissen dass deen neien Direkter op dëse Wee geet. Mär däerfen awer net vergiessen dass esou eppes als eng Selbstverständlechkeet vun enger Féierungspersoun misst ugesi ginn! Hätt an der Vergaangenheet alles geklappt, hätt och deemools ni esou ee Comité de surveillance missten agesat ginn an den Här Willet bräicht vläicht och elo net esou déifgräifend Analysen ze maachen.
D’CSV-Fraktioun stellt sech allerdéngs d’Fro ob d’Opmaachen vum CIPA fir Leit vu baussen, dem Foyer du jour also, net d’Qualitéit vum Service vun deenen déi dobanne sinn beanträchtegt. Geet dat herno net op Käschte vun deene Pensionären déi ganz do wunnen?
Mär froen eis och wat d’Personal selwer vun de virgeschloene Moossnamen hält? Sinn si majoritär dofir fir mat op de Wee ze goen? Packe mer dat personalméisseg iwwerhaapt?
Wéi gesot, et ass luewenswäert dass probéiert gëtt emol Saachen a Fro ze stellen, och um finanzielle Plang, allerdéngs wëlle mer net iwwert dëse Volet ofstëmmen, well mer am viraus guer keen Zuelematerial zur Verfügung gestalt kritt hunn.
D’Fraktioun vun de CSV Suessem
0 Äntwert op “CSV-Stellungnahm zum Punkt 2 aus dem Gemengerot vum 1. Dezember 2008”