CSV-Stellungnahm zum Budget 2009
Am Budget 2009 fanne mer vill gutt Virsäz erëm, mee si beschränke sech ganz dacks och just op een “devis en élaboration”. Mär hunn der am Ganzen net manner wéi 21 Stéck gezielt an dat fir ee Wäert vu wäit iwwer 2 Milliounen €! De Buergermeeschter huet gemengt de Budget wär ee Beweis fir eng raisonnabel Virsiichtegkeet. Bon, am extraordinaire Budget vermësst d’CSV also 21 Mol raisonnabel Virsiichtegkeet!
weider liesen
CSV-Stellungnahm zum Budget rectifié 2008
Déi aktuell Finanzkris huet eis alleguer veronséchert a bis haut ass net virauszegesinn wou mer histeieren. Als Gemeng hu mer d’Verpflichtung de Leit weider ee gudden Service ze bidden an d’Liewensqualitéit z’erhalen. Fir dëst an dësen Zäiten z’erreechen muss awer mat Virsiichtegkeet a Wäitsiicht geplangt ginn.
weider liesen
Un de Schäfferot vun der
Gemeng Suessem
Gemäss dem Artikel 25 vum Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988, erlaabt eis Äech an der Sëtzung vum 19. Dezember 2008 folgend Froen ze stellen:
Mär hu matkritt dass de Fussballsterrain zu Bieles an engem ganz schlechten Zoustand ass, jo esouguer bei schlechtem Wieder net méi bespillbar ass. Dësläscht huet esouguer dowéinst ee Match missten ofgesot ginn.
weider liesen
Mat Zefriddenheet stellt d’CSV fest dass am Dossier CIPA sou munches ënnerholl ginn ass. Mär sinn natierlech iwwerzeegt dovun, dass dat och dohier kënnt well mär esou dacks no gehaakt hunn!
weider liesen