Den 29. Januar 2008 huet d’Madame Lentz-Cornette Marcelle eis fir ëmmer verlooss. Et läit der CSV-Fraktioun besonnësch um Häerz hiert Liewenswierk op eng bleiwend Manéier ze erhalen an anengems ze éieren.
Un de Schäfferot vun der
Gemeng Suessem
Den 29. Januar 2008 huet d’Madame Lentz-Cornette Marcelle eis fir ëmmer verlooss. Et läit der CSV-Fraktioun besonnësch um Häerz hiert Liewenswierk op eng bleiwend Manéier ze erhalen an anengems ze éieren.
Gemäss dem Artikel 25 vum Gemengengesetz vum 13. Dezember 1988, erlaabt mer Äech an der Sëtzung vum 28. Abrëll 2008 folgend Fro ze stellen:
- Kann de Schäfferot w.e.g. virgesinn ee Gebai oder eng Strooss no eiser verdingschtvoller Matbiergerin ze benennen?
Merci am viraus fir Är Äntwert,
Mat menge beschte Gréiss,
Fir d’CSV-Fraktioun, Guy Anen, Mike Lorang, Carine Reuter-Bauler a Fred Sunnen
Nathalie Morgenthaler
Member vum Gemengerot
0 Äntwert op “Den 29. Januar 2008 huet d’Madame Lentz-Cornette Marcelle eis fir ëmmer verlooss”